De POST-Generaldirekter Claude Strasser, huet vun engem schwéieren Ëmfeld geschwat an dem d’POST géif evoluéieren. Manner Croissance an eng staark Inflatioun wiere staark Contrainte fir d’POST. Eng weider Erausfuerderung wier, datt ëmmer méi Päck géife verschéckt ginn, esou de POST Generaldirekter Claude Strasser.
Trend: Manner Bréiwer méi Päck
D'lescht Joer wieren zu Lëtzebuerg 10 Millioune Päck verdeelt ginn, dat wieren der 20 Prozent méi wéi d’Joer virdrun. De Centre de Tri zu Beetebuerg géif dofir u seng Grenze stoussen. Dësen wier fir knapp 200 Millioune Bréiwer ausgeluecht ginn, erkläert de Claude Strasser.
"Haut hu mer nach 88 Millioune gehat an den Trend ass irreversibel."
Haut wier een deemno an enger Situatioun, an där een groussen Invest zu Beetebuerg néideg wier, fir eeben dee Wiessel, respektiv "dee Basculement, deen amgaang ass ze geschéie" vum Courrier hin zum Colis och an Zukunft hinzekréien, esou den POST-Generaldirekter
Ëmbau vum Centre de Tri dringend noutwenneg
"Well ech muss Iech soen, déi 10 Milliounen, dat gesäit elo net esou spektakulär aus am Verglach zu 88 Millioune Bréiwer, mee den Opwand fir e Colis bei de Clientë heemzebréngen, ass ongläich méi grouss wéi dee fir e Bréif."
Den Ëmbau vum Centre de Tri zu Beetebuerg soll 2028 fäerdeg sinn.