Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SPD schéckt d'Katarina Barley als Spëtzekandidatin an d'Europawalen

Trotz schlechtem Resultat viru 5 Joer

SPD schéckt d'Katarina Barley als Spëtzekandidatin an d'Europawalen

An Däitschland schécken d’Sozialdemokraten déi fréier Ministesch Katarina Barley nach eemol als Spëtzekandidatin an d’Europawalen. Scho viru fënnef Joer war d’Politikerin, déi zu Tréier Riichterin war, un der Spëtzt vun der SPD-Lëscht.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Katarina Barley | © European Parliament play_arrow
Katarina Barley (Foto: European Parliament)

Mat 15,8 Prozent vun de Stëmmen hat si deemools dat schlechtste Resultat jeemools fir d‘SPD bei Europawale realiséiert.

Am Walkampf well d’Katarina Barley elo déi aktuell Massendemonstratioune géint Rietsextremismus an déi rietsextreem Partei AfD notzen. An hirer Ried huet si dee vun der AfD gefuerderten EU-Austrëtt vun Däitschland eng grouss Gefor genannt. Den ungaresche Premier Viktor Orbán huet d‘Katarina Barley als Feind vun der EU beschriwwen. 

Lauschterenplay_arrow