Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SNE-CGFP: Masterofschloss ee Muss

Enseignantsgewerkschaft

SNE-CGFP: Masterofschloss ee Muss

D’Enseignantsgewerkschaft SNE/CGFP fuerdert eng eenheetlech Initalausbildung fir all Enseignanten op Masterniveau. Dat huet de President Patrick Remakel op der Rentrées-Pressekonferenz betount. De sougenannte Quereinsteiger, deen nëmmen ee Joer Formatioun no engem Bachelorstudium virgesäit, géif net duer goen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Weider Fuerderunge vun der Enseignantsgewerkschaft sinn eng Evaluatioun vun der Alphabetiséierung op Franséisch. (Foto: Unsplash)

Fir den SNE féiert kee Wee laanscht ee Masterstudium. D‘Uspréch hätten an de leschte Joren zougeholl an eng Ausbildung op Masterniveau liwwert an den Ae vun der Enseignantsgewerkschaft deen néidege Bagage, fir dëse gerecht ze ginn.

Quereinsteiger: d'Praxis géing feelen​

Aneschters wéi haut, wou d‘Ausbildung fir Enseignant ze ginn ee Bachelor vu véier Joer virgesäit, sollen d‘Studenten an Zukunft ee Bachelor vun dräi Joer, an dann nach ee Master vun zwee Joer maachen, fuerdert de President vum SNE Patrick Remakel.

„Innerhalb vun dësem 3 plus 2 ass gläich Masterstudium sollen et dann zwou Optioune ginn. Déi éischt Optioun: fir d‘éischt ee Bachelor an Erzéiungswëssenschaften, an duerno eng Spezialisatioun op Masterniveau. Zweet Optioun: ee Bachelor an engem Fach a Relatioun mat der Schoul, an duerno ee Masterstudium an Erzéiungswëssenschaften.“ 

No där Propos wier de sougenannte Quereinsteiger hifälleg, sou nach de Patrick Remakel. Bei dësem Modell, deen nëmmen ee Joer Formatioun no engem Bachelorstudium virgesäit, géif vill Praxiserfarung feelen.

Preventiouns- an Interventiounsstrukture fir all Schoul

Weider Fuerderunge vun der Enseignantsgewerkschaft sinn eng Evaluatioun vun der Alphabetiséierung op Franséisch an eng Opbesserung vun de Kompetenzzenteren. Deenen hir Haaptmissioun misst net d‘Berodung vum Léierpersonal sinn, mee den Encadrement vu Kanner mat spezifesche Besoinen. An deem Kontext wier och eng speziell Taskforce an de Schoulen néideg, sou nach de Patrick Remakel.

„Just mat Léierpersonal eleng kréie mir déi komplex a schwiereg Situatioun an eise Schoulen net an de Grëff. Mir brauchen an all Schoul eng Preventiouns- an Interventiounsstruktur, bestoend aus Spezialisten aus verschiddenen Domainer, wéi zum Beispill Educateuren, Infirmieren an Assistent-socialen, fir nëmmen déi ze nennen.“ 

Den SNE mécht iwwerdeems keng Walrecommandatiounen, mee bréngt ee Froekatalog fir déi verschidde Parteien eraus. 

Lauschterenplay_arrow