Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SEW/OGBL warnt viru schoulesche Parallelsystemer

Wonschziedel un déi zukünfteg Regierung

SEW/OGBL warnt viru schoulesche Parallelsystemer

Ee Wonschziedel un déi zukünfteg Regierung huet och den SEW/OGBL. Do gëtt ënner anerem ee koherent Sproochekonzept fir den Unterrecht gefrot, amplaz just eng Alphabetiséierung op Franséisch.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Den SEW/OGBL warnt dann och viru schoulesche Parallelsystemer. Aktuell géifen zu Lëtzebuerg sechs Schoulsystemer niefteneen existéieren. Eng Zersplitterung vun der Schoullandschaft wier awer geféierlech a géif virun allem de besser gestallte Famillen entgéintkommen.

Fir sozial Kohesioun an Integratioun wier eng gemeinsam ëffentlech Schoul de beschte Wee, sou nach d‘Gewerkschaft. Donieft missten sech och déi nei Europaschoulen un d‘Gesetzer halen amplaz ze probéieren se ze ënnerlafen. Dat géif besonnesch och fir d‘Qualifikatioun an d‘Astufung vum Léierpersonal gëllen.