Wéi d‘Gewerkschaft an engem Communiqué matdeelt, war eng Member vum Syndikat op d‘Geriicht gaangen, well si de Congé de maternité net bezuelt kritt hat, mam Argument, datt een no engem Congé sans traitement nëmme géif remuneréiert ginn, wann et sech ëm dat zweet oder drëtt Kand handelt.
Déi Reegelung hätt d‘Geriicht elo awer als net gerechtfäerdegt a verfassungswiddreg deklaréiert a soll ofgeschaaft ginn, sou den SEW-OGBL.
Zukünfteg wäert och den éischte Congé de maternité no engem Congé sans traitement bannent zwee Joer bezuelt ginn.
Den SEW OGBL schwätzt vun enger grousser Victoire fir d‘Gläichstellung an de Schutz vun de Rechter vun de Mataarbechterinnen aus dem ëffentlechen Déngscht.