search

/ SEW-OGBL gesäit nach vill oppe Froe beim Projet ALPHA - Kritik och vum SNE

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

SEW-OGBL gesäit nach vill oppe Froe beim Projet ALPHA - Kritik och vum SNE

D'Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL ass der Meenung, datt de Rapport iwwer de Pilotprojet Alphabetiséierung op Franséisch Froen opwerft, déi bis elo nach net gekläert sinn. Och de President vum Syndicat National des Enseignants, de Patrick Remakel, äussert Kritik.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture-alliance / Image Source | Image Source/Kaifer Peinemann
(Foto: picture-alliance / Image Source | Image Source/Kaifer Peinemann)

Beim Pilotprojet sollt getest ginn, ob déi schoulesch Resultater vu Kanner besser ausfalen, wa si op Franséisch alphabetiséiert ginn amplaz op Däitsch, well si keng germanophon oder Lëtzebuerger Originnen hunn.

"Et hätt een de Pilotprojet missten ofwaarden"

Et wier verfréit fir d’Optioun vun enger Alphabetiséierung op Franséisch am September dëst Joer ze generaliséieren, betount de Gilles Bestgen, Vize-Zentralsekretär vun der Enseignantsgewerkschaft SEW OGBL.

“Et hätt een an eisen Ae wierklech missten ofwaarden, bis de Pilotprojet zum Schluss gaange wier, fir dat Ganzt ze generaliséieren. Natierlech, de politesche Kalenner ass elo en anere wéi dee vun der Schoul. Dat ass kloer. Dofir gouf eeben och net ofgewaart, bis datt déi Kanner aus dem Pilotprojet de Fondamental fäerdeg hunn oder iwwerhaapt emol an de Cycle 4 kommen.”

SNE: But vun enger wëssenschaftlecher Evaluatioun ass en aneren

D’Enseignats-Gewerkschaft SNE kritiséiert dass de Rapport vum Luxemburg Center for Educational Training LUCET zu der Alphabetiséierung op Franséisch esou spéit erauskomm wier. Aus Transparenzgrënn hätten si sech eng méi fréi Publikatioun gewënscht.

De President vum SNE, Patrick Remakel kritiséiert doriwwer eraus och d’Analys vum Ministère. 

"Dat, wat eis wierklech richteg stéiert un der Analys vum Ministère vun de Resultater, ass, datt wann d'Resultater elo net esou gutt sinn, wéi si sech erwaart hunn, da gëtt gesot, den Echantillon ass ze kleng. Bei den Allongementer, wou éischter d'Tendenz ass, dass déi géife méi kleng ginn, do gëtt da gesot, do ass den Echantillon net ze kleng."

play_arrow De Patrick Remakel

Dat wier fir den SNE e grousse Problem, well d'Roll vun enger wëssenschaftlecher Evaluatioun net sollt sinn, eng Reform ze legitiméieren, "mee hir Roll misst am Fong jo sinn, eng Reform ze evaluéieren", esou de Patrick Remakel.

play_arrow Lauschteren