arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demokratie verstoen: Wéi gesäit eng gesond Diskussiounskultur aus?

Bildung

|
reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow

Demokratie verstoen: Wéi gesäit eng gesond Diskussiounskultur aus?

D'Demokratie ass weltwäit a Gefor. Mat där Ausso wiere warscheinlech vill Leit averstanen. Mee wat mécht iwwerhaapt eng Demokratie aus? Wéi fonctionéiert se? Am DemokratieLabo an der Abtei Neimënster kann een den Ament an engem interaktive Labo demokratesch Prozesser kenneléieren.

reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow
Demokratielabo | © Luca Di Santolo
Demokratielabo (Foto: Luca Di Santolo)

Si mir als Mënschen all gläich? Vertraut Dir de Medien a Politiker? Ass dir d'Sécherheet oder d'Fräiheet méi wichteg?

Dës an nach vill aner Froe ronderëm d’Thema vun der Demokratie gi grad an der Abtei Neimënster gestallt.

"Wëllkomm am DemokratieLabo. Dir frot Iech villäicht: 'een DemokratieLabo, wat ass dat dann?' Maja hei ënnersiche mir d’Demokratie."

Egal ob jonk oder al, Schoulklassen oder Touristen, jiddereen dierf laanscht kommen a matmaachen. A klenge Gruppe besicht een dann esou vill vun den iwwer 50 verschiddenen Statioune wéi ee Loscht huet. An da gëtt diskutéiert, et gëtt ee sech sengen Iwwerzeegunge bewosst a probéiert Kompromësser ze fannen.

Wat ass eigentlech meng eege ganz perséinlech Meenung?

D’Directrice adjointe vum Zentrum fir Politesch Bildung (ZPB) Michèle Schilt erkläert, datt een op dës Aart a Weis deene Jonken an och den Erwuessenen, déi duerch de Labo ginn, weise wëll wat fir eng Meenung si iwwerhaapt hunn.

"Also feststellen, wat hunn ech eng Meenung, wou kënnt déi hier, oh mir hu vläicht verschidde Meenungen a wéi kënne mir elo zesummen do eng Léisung fannen oder wéi kënne mer zesummen awer eng Decisioun huelen?" 

Oder wéi kënne mir feststellen, okay, deng Meenung ass okay, meng Meenung ass okay, och wa mir net déi nämmlecht hunn, esou d’Michèle Schilt.

"An et geet am Fong drëm, datt een iwwer déi verschidde Sujeten, well et da ganz vill sinn, déi am Labo hei behandelt ginn, nach weider och nodenkt doheem."

Eng franséisch Integratiounsklass aus dem Lycée Technique du Centre ass am DemokratieLabo op Visitt. Déi ronn 20 Schüler:innen hu sech opgedeelt a sech un deene verschiddenen Denk-Problemer a Spiller versicht. Wéi eng Leit si richteg Lëtzebuerger, a wéi eng net? Dat ass d’Fro, déi grad am Raum steet. Mat engem Spill gëtt bildlech tëschent enger méi exklusiver an enger méi inklusiver Opfaassung vum Konzept vun der Nationalitéit ënnerscheet.

Demokratielabo | © Luca Di Santolo
Demokratielabo (Foto: Luca Di Santolo)

Kënnen mir awer gutt matenee sinn, och wanns du eng aner Vue hues?

Eng aner Statioun freet, ob all Mënsch gläich ass. Hei ware sech zwou Eng aner Statioun freet, ob all Mënsch gläich ass. Hei ware sech zwou Schülerinnen net eens.

"Tous les Humans, ouais, on a la même tête, même truc, même corps et tout. Mais si on parle de caractère et tout, les humains ne sont pas pareils, parce qu'on a des cultures différentes, on a des différentes manières de parler, on a différentes manières de tout."

Eng Matschülerin huet hei eng aner Opfaassung. Ech weess net wéi ech et erkläre soll, mee fir mech si mir all d'selwecht, esou d'Schülerin.

"On a tous une tête, un cœur, un nez, on doit respirer par là. On est tous des humains. Ah, ça y est. Ah, ça y est. On respire le même air, mais on n'est pas pareil? Oui, on n'est pas… D'accord, mais… on est des humains. Je sais pas."

Et wier och en Ënnerscheed, wéi d'Fro gestallt gi wier, an ob wéi eng "Gläichheeten" d'Fro sech bezitt.

D’Schülerinne sinn zur Conclusioun komm, datt Gläichheet vun der Situatioun ofhänkt. D’Beispill weist och, wéi oppen d’Froestellunge kënne sinn.

Jonker hu wéineg Vertrauen a Politik a Medien

Generell gëtt am interaktive Labo dorop verzicht, eng Äntwert oder Meenung als déi eenzeg richteg duerzestellen. Esou soll de fräien, demokrateschen Dialog ugereegt ginn an d’Schüler:innen probéieren, trotz Meenungsënnerscheeder e Kompromëss ze fannen. Doduerch gëtt awer och d’Fro, wéi ee Meenungen, Fakten a Virurteeler vunenaner ënnerscheet méi wichteg.

"A mon avis, je pense que parfois les faits et opinions et un préjugé sont un peu difficile à distinguer. Parfois les faits, on pense que c’est une opinion, et une opinion on pense que c'est un fait."

Ech mengen, mir hunn op eng gewësse Manéier all Virurteeler, fënnt en anere Participant.

"Je pense qu'on a tous des préjugés, même si on se les dit pas, on peut tous avoir des préjugés, sans forcément que ce soit méchant. Mais c 'est des choses qui font partie de nous, ou des gens en général."

Ëmmer erëm weist sech och, datt déi Jonk aus dëser Klass wéineg Vertrauen an d’Medien an an d’Politik hunn. Allerdéngs sinn déi meescht awer interesséiert an huelen aktiv un den Diskussiounen deel. A wat huet den DemokratieLabo um Enn bruecht?

"C'est surtout important maintenant ,vu qu'il y a un peu la guerre partout, c'est surtout bien de revoir les bases de la démocratie."

"Ben je trouve que c'est, c'est bien parce que c'est aussi interactif et ça permet d'avoir une autre approche de la démocratie que forcément assis devant un cahier."

Den Demokratielabo ass bis den 31. Mäerz an der Abtei Neimënster.

Text vum Luca Di Santolo

play_arrow Lauschteren