arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SES-Satellitteproduktioun zu Lëtzebuerg: "En neit Kapitel vu Lëtzebuerg am Weltall"

Technologie

|
reading time

1 min

SES-Satellitteproduktioun zu Lëtzebuerg: "En neit Kapitel vu Lëtzebuerg am Weltall"

Op der Kockelscheier war gëschter am Nomëtten de Spuetestéch fir eng SES-Produktiounsanlag vu Satellitten. D’Société européenne des satellites mécht deemno de Schrëtt vum Bedreiwer vu Satellitten hin zum Produzent dovun.

reading time

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Beim Startschoss fir dee Projet um sougenannte Weltraumcampus sot de Premier Luc Frieden, datt d’SES eng wichteg Firma fir d’Land wier, an deem se gebuer ass. D’Firma kéint och op d’Ënnerstëtzung vun der Regierung zielen, fir datt dëse Weltraumcampus Realitéit gëtt.

“Dëst ass e stolze Moment fir Lëtzebuerg, well mir eise Leadership am Weltraum verstäerken, andeems mir kucken, datt d'SES net nëmme Satellitten eropschéisst an operéiert, ma datt se se och zu Lëtzebuerg selwer baut. Hei ass Innovatioun dran, hei sinn nei Talenter dran an hei ass nei industriell Entwécklung zu Lëtzebuerg. An dofir ass dat hei méi wéi e Spuetestéch. Et ass en neit Kapitel vu Lëtzebuerg am Weltall.”

D’Regierung hätt gär, datt Lëtzebuerg e Leader am Weltraum bleift an op der Weltkaart vum Weltraum eng grouss Roll spillt.

Fréier wier et bei der SES virun allem ëm Televisiounsprogrammer gaangen. Haut dogéint ëm Telekommunikatioun, zum Beispill an der Defense, esou nach de Luc Frieden.