Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
search

/ Russland wëll de Schëllege vum Fligerongléck a Kasachstan identifizéieren a bestrofen

Aussoe vu Moskau

Russland wëll de Schëllege vum Fligerongléck a Kasachstan identifizéieren a bestrofen

Nom Fligeraccident am Kasachstan besteet weiderhin de Verdacht, dat déi russesch Fluchofwier d‘Maschinn erofgeschoss kéint hunn. De russesche President Wladimir Putin hat sech dowéinst entschëllegt, ouni awer d‘Responsabilitéit fir den Tëschefall ze iwwerhuelen. Elo heescht et vu Moskau, dat een déi Schëlleg géif identifizéieren a bestrofen.

auto_stories

1 min

© dxme/Wikimedia Commons
(Foto: dxme/Wikimedia Commons)

Zum Zäitpunkt vum Accident soll déi russesch Flak aktiv gewiescht sinn, well ukrainesch Dronen am Loftraum waren.