Seng Wittfra Julia Nawaljana huet gëschter an engem Video behaapt, hire Mann wier ermort ginn. Russland géif waarden, bis kéng Spuere vum Nervegëft Nowitschok u senger Läich méi nozeweise sinn.
Moskau seet, d‘Ëmstänn vu sengem Doud misste weider ënnersicht ginn.
De fréiere russeschen Oppositiounspolitiker a Kremlkritiker Alexei Nawalny war leschte Freideg an engem Prisong a Sibirien gestuerwen. Eng Doudesursaach gouf offiziell nach net matgedeelt.