Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland wëll d'Läich vum Nawalny nach op d'mannst zwou Wochen halen

Fir chemesch Analysen

Russland wëll d'Läich vum Nawalny nach op d'mannst zwou Wochen halen

Déi russesch Autoritéite wéilten dem Alexei Nawalny seng Läich nach op d‘mannst zwou Woche laang hale fir eng chemesch Analysen ze maachen. Dat hätte seng Famill an Affekote matgedeelt kritt, esou eng Spriecherin vum Nawalny.

auto_stories

1 min

Alexei Nawalny | © picture alliance/dpa | Christoph Schmidt
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Schmidt

Seng Wittfra Julia Nawaljana huet gëschter an engem Video behaapt, hire Mann wier ermort ginn. Russland géif waarden, bis kéng Spuere vum Nervegëft Nowitschok u senger Läich méi nozeweise sinn.

Moskau seet, d‘Ëmstänn vu sengem Doud misste weider ënnersicht ginn.

De fréiere russeschen Oppositiounspolitiker a Kremlkritiker Alexei Nawalny war leschte Freideg an engem Prisong a Sibirien gestuerwen. Eng Doudesursaach gouf offiziell nach net matgedeelt.