Radioen

On air

Notturno  |  SBTRKT - Days Go By Feat. Toro Y Moi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland verstäerkt seng Truppen am Grenzgebitt zur Ukrain

Krich an der Ukrain

Russland verstäerkt seng Truppen am Grenzgebitt zur Ukrain

Moskau huet de Samschdeg Verstäerkung an d‘Grenzgebitt zur Ukrain geschéckt an an den dräi russesche Grenzregiounen Kursk, Brjansk a Belgorod eng Anti-Terror-Operatioun ugekënnegt. Dat nodeems déi ukrainesch Arméi Ufank der Woch eng Offensiv an der Regioun lancéiert huet.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool

D‘Kämpf si manner wéi 50 Kilometer vum Kärekraaftwierk Rosatom am Gebitt Kursk ewech. Et bestéing eng direkt Gefor fir d‘Zentral, heescht et vun der russescher Atomenergie-Agence. Hiren internationale Pendant, d‘IAEA, hat do virdru scho viru méigleche Risike fir d‘Wierk gewarnt. Den IAEA-Direkter Rafael Grossi huet béid Säiten dozou opgeruff, sech maximal zeréck ze halen, fir en nukleart Accident ze vermeiden.