arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland mellt ukrainesch Dronenattacke bei St. Petersburg

Ukrain-Krich

|
reading time

1 min

Russland mellt ukrainesch Dronenattacke bei St. Petersburg

Russland huet de Moien erkläert, datt ukrainesch Dronen e Pëtrolsterminal zu St. Petersburg getraff hätten. E puer Dosen Drone wieren iwwer der Stad erofgeschoss ginn, huet de Gouverneur op de soziale Reseaue matgedeelt.

reading time

1 min

Eng hätt zwar am historesche Komplex vum Peterhof ageschloen, ouni awer Schued ze maachen.

D’Ukrain hirersäits mellt, et wier falsch, datt d’Russe soen, si hätten d’Stad Kostjantyniwka an der Regioun Donezk ageholl.

Der ukrainescher Arméi no géif een déi strategesch wichteg Stad weider kontrolléieren.

Gëschter Owend hat de russesche President Wladimir Putin annoncéiert, d’Stad wier komplett ënner russescher Kontroll.