Egal wien dee Kontakt mat Russland hält, misst et eng koordinéiert Aktioun sinn, am Numm vun Europa, esou de Premier Luc Frieden bei senger Arrivée zu Bréissel. Et géif ee keng Unzeeche gesinn, datt Russland fir Gespréicher bereet wier. Trotzdeem misst een déi Situatioun virbereeden. D'EU-Staats- a Regierungscheffe sinn och averstane fir déi aktuell Sanktioune géint Russland ze verlängeren. Fir déi éischte Kéier direkt ëm 12 Méint an net méi just ëm 6 Méint - eppes wat elo méiglech ass, well Ungarn et ënner sengem neie Premier net méi blockéiert.
Bäitrëttsverhandlunge vun der Ukrain wäerten net séier virugoen
Den EU-Sommet ass awer net bereet der Ukrain ze soen, wéini déi nächst Kapitelen an de Bäitrëttsverhandlunge fir eng EU-Memberschaft opgemaach solle ginn. Déi Bäitrëttsgespréicher hu jo dës Woch ugefaangen. An enger éischter Versioun vun de schrëftlechen Decisioune vum EU-Sommet stoung nach, déi nächst Kapitele sollten esou séier wéi méiglech opgemaach ginn. D'Bezeechnung "esou séier wéi méiglech" ass um Enn awer gestrach ginn.
China ëmmer méi op der Iwwerhuelspuer
Aneren Diskussiounspunkt war gëschter d'Fro, wéi ee mat der ëmmer méi grousser ekonomescher Dominanz vun der chineesescher Industrie sollt ëmgoen. Den Handelsdefizit vun der EU mat China wiisst. D'EU importéiert vill méi chineesesch Wueren, wéi se der dohin exportéiert. Verschidde Länner hätte gär méi Mesurë fir déi europäesch Industrie ze schützen. Déi Diskussioun ass beim Owesiesse bis hallwer zwou de Moie geféiert ginn.
Offiziell Aussoe goufen et duerno keng méi. D'Staats- a Regierungscheffe wëlle sech eréischt haut um Freideg dozou äusseren. De Luc Frieden huet gëschter bei senger Arrivée zu Bréissel fir e respektvollen Dialog plädéiert. Lëtzebuerg huet och en Handelsdefizit mat China, huet awer an enger Rei Entreprisë wéi Cargolux, BIL oder Encevo enk Relatioune mat chineeseschen Aktionären.