search

/ Russland huet déi ukrainesch Haaptstad Kiew nees mat ballistesche Rakéiten ugegraff

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Russland huet déi ukrainesch Haaptstad Kiew nees mat ballistesche Rakéiten ugegraff

D'Autoritéiten zu Kiew mellen op d'mannst néng Doudeger. Donieft ass dat historescht Höhle-Klouschter zu Kiew getraff ginn, dat zum Weltkulturierwe gehéiert. D'Haaptkierch vum Klouschter wier a Brand geroden a beschiedegt ginn, esou de militäresche Gouverneur vu Kiew.

reading time

1 min

No de russeschen Attacken vum 5. Oktober, Lviv, Ukrain | © EPA
No de russeschen Attacken vum 5. Oktober, Lviv, Ukrain (Foto: EPA)

De Buergermeeschter vu Kiew, de Witali Klitschko, huet och matgedeelt, datt ronn 140.000 Awunner:innen zäitweis ouni Stroum gewiescht wieren. Een Héichhaus, Wunnhaiser an Autoen hunn och Feier gefaangen. 

An der zweetgréisster Haaptstad Charkiw wieren iwwerdeems Pompjeeën ugegraff ginn, wéi si probéiert hätten, Feier dat duerch Dronen entstanen ass, ze läschen. 

D'NATO-Land Polen huet iwwerdeems Kampfjetten agesat, fir, eegenen Aussoen no, de Loftraum ze schützen.