Kiew mellt 2.299 Verstéiss géint den Ouschterfridden, deen de Kremlchef Putin selwer ordonéiert huet. Dozou géifen 28 Ugrëff, 479 Artillerieugrëff, 747 Dronenugrëff an 1.045 Ugrëff op FPV-Drone gehéieren, esou déi ukrainesch Arméi.
D’Wafferou soll u sech 32 Stonnen, bis e Sonndegowend, daueren. Och an der Vergaangenheet goufen esou Wafferou ëmmer nees gebrach.
Keng Aussiicht op en dauerhafte Fridden
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet um Samschdegowend an engem Videomessage gesot: “Ouschtere sollt eng Zäit vun der Sécherheet a vum Fridde sinn. Et wier richteg wann de Waffestëllstand iwwer d’Feierdeeg eraus géif undaueren.”
Russland huet an de Verhandlunge mat der Ukrain, ënner US-Vermëttlung, ëmmer nees widderholl, datt et keng generell Wafferou wäert ginn. Bis ewell gëtt et nach keng Aussiicht op ee Friddensplang tëschent béide Länner.