arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 32 Stonne Wafferou tëschent Russland an der Ukrain

Orthodoxt Ouschterfest

|
reading time

1 min

32 Stonne Wafferou tëschent Russland an der Ukrain

Haut de Mëtteg um dräi Auer soll eng Wafferou tëschent der Ukrain a Russland ufänken, déi 32 Stonnen dauere soll. Déi Wafferou kënnt um orthodoxen Ouschterfest dëse Weekend, dat esouwuel a Russland, wéi och an der Ukrain geféiert gëtt.

reading time

1 min

Wolodymyr Selenskyj an den USA | © picture alliance / Consolidated News Photos | Ting Shen - Pool via CNP
Wolodymyr Selenskyj an den USA (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ting Shen - Pool via CNP)

An deene véier Joer vum russeschen Aggressiounskrich géint d’Ukrain goufen et ëmmer nees temporär Waffepausen, déi allerdéngs ni agehale goufen. D’Ukrainer soen, datt et no der Waffepaus keng Ursaach géif gi fir nei Kämpf. Moskau awer gesäit dat anescht. De Kremlchef Dmitri Peskow sot, datt e Sonndeg no Mëtternuecht d’Attacken op en Neits lass ginn, ausser d’Ukrain géif déi russesch Fuerderunge fir e „Fridden“ akzeptéieren.