Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ruben Querinjean kënnt am Steeple net an d'Finall

Olympesch Spiller

Ruben Querinjean kënnt am Steeple net an d'Finall

Bei den Olympesche Spiller huet sech de Ruben Querinjean gëschter Owend iwwer d’3.000-Meter-Steeple net fir d’Finall qualifizéiere kënnen. A senger Serie gouf de Liichtathlet deen 9. Just déi 5 Éischt koumen an d’Finall. Haut geet mat der Vera Hoffmann déi lescht Lëtzebuerger Sportlerin zu Paräis un den Depart.

auto_stories

1 min

Vu 5 op 10 de Moien un trëtt d'Liichtathleetin an de Serien iwwer d'1.500-Meter un.

Am Stafhéichsprong huet de Schweed Armand Duplantis gëschter Owend zu Paräis net just Gold gewonnen, hien huet och en neie Weltrekord realiséiert, mat enger Héicht vu 6 Meter 25.

Am Surfen huet Frankräich déi éischt Medailen a senger Geschicht gewonnen. Bei den Häre krut de Kauli Vaast fir Frankräich d'Goldmedail op der Teahupo'o Well op Tahiti. Wärend bei de Fraen d'Franséisin Johanne Defay d'Bronze-Medaile krut.
Am Medailespigel läit Frankräich elo op der drëtter Plaz, hanner China op der zweeter, an den USA op der éischter Plaz.