No Entrevuë mam Chamberpresident Claude Wiseler a mat den Deputéierte vun der aussepolitescher Kommissioun huet d’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola an der Mëttesstonn virun der Press op d’Wichtegkeet vun den Europawale vum 9. Juni insistéiert.
Dat nächst Europaparlament misst sech mat wichtegen Zukunftssujete befaasse wéi zum Beispill dem Klima, der Sécherheet an der Verdeedegung. Dowéinst hätt si, op hirer Tournée duerch all d’EU-Memberlänner, en einfache Message en vue vun deenen Europawalen dobäi:
"C’est de voter, de choisir qui va vous représenter au Parlement européen, si vous êtes du Luxembourg, qui seront les six députés européens qui sont élus d’ici. Les élections ne sont pas une obligation ou seulement un exercice démocratique: C’est un investissement dans notre futur commun."
Wichteg wier donieft de Kampf géint d’Desinformatioun, ënnersträicht d’Presidentin vum Europaparlament, an datt Diskussiounen iwwer geopolitesch Sujeten oder d’Finanze vun der EU an den nationale Parlamenter sollte gefouert ginn, éier zu Bréissel doriwwer geschwat gëtt.