Radioen

On air

9 bis 1  |  Martha And The Muffins - Echo Beach

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Habeck fuerdert gemeinsaamt Signal vun den demokratesche Parteien

Kuerz virun de Walen

Robert Habeck fuerdert gemeinsaamt Signal vun den demokratesche Parteien

Zwou an eng hallef Woche virun der Bundestagswal huet de Kanzlerkandidat vun de Grénge Robert Habeck e gemeinsaamt Signal vun den demokratesche Parteie gefuerdert. Et misst een ee Konsens mat der SPD an der Unioun fannen, onofhängeg vun de politesche Positiounen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow
(Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow)

Domadder kéint een e Signal senden, datt et eng stabil demokratesch Mëtt gëtt, esou den Habeck gëschter um Dënschdeg an der ZDF-Emissioun Markus Lanz. An et kéint een och weisen, datt déi demokratesch Parteien a wesentleche Froe guer net esou wäit auserneeleien.  

Iwwerdeems hunn an Däitschland d'Iwwergrëffer op Politiker a Member vu Parteien d'lescht Joer däitlech zougeholl. Dat huet den däitschen Inneministère op Nofro vun der AfD erkläert. An 635 Fäll goufe Parteigebaier beschiedegt. Bal 4.000 Vertrieder:inne vu Parteie goufe beleidegt oder attackéiert.