Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rob Bauer: D'NATO misst sech op ee méigleche Krich preparéieren

NATO-Militärgrupp

Rob Bauer: D'NATO misst sech op ee méigleche Krich preparéieren

Am Kader vum Ukrainkrich fuerdert de President vum NATO-Militärgrupp, datt sech d‘Allianz op e méigleche Krich preparéiert. D‘Zäit, an där een déi politesch Situatioun an der Welt virausgesäit, wier eriwwer, esou den Admirol Rob Bauer zu Bréissel.

auto_stories

1 min

Rob Bauer | © picture alliance / photothek | Xander Heinl
Rob Bauer (Foto: picture alliance / photothek | Xander Heinl)

De Rob Bauer huet dobäi op déi russesch Attack op d‘Ukrain verwisen. Et géif ee sech an enger Ära befannen an där alles kéint passéieren. An der NATO bräicht et deemno e Wandel eriwwer zu enger Krichspreparatioun.

Hien huet der Ukrain op en Neits eng laangfristeg Ënnerstëtzung zougesot. Den Ausgang vum Krich géif d‘Schicksal vun der Welt bestëmmen, esou de Rob Bauer.