Radioen

On air

Moiesstudio  |  Martine Kleinberg

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rishi Sunak an Israel - Gaza mellt 3.500 Doudeger bis elo

Israel-Palestina

Rishi Sunak an Israel - Gaza mellt 3.500 Doudeger bis elo

De brittesche Premier Rishi Sunak hat de Moien eng Entrevue mam israeelesche President Izchak Herzog. De Sunak huet dobäi op en neist seng Solidaritéit mam israeelesche Vollek deklaréiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

De Sunak huet och betount, datt Israel d‘Recht op Selbstverdeedegung hätt. De Politiker reest duerno weider an aner Haaptstied vun der Regioun.

Iwwerdeems sinn dem Hamas no bis elo scho méi wéi 3.500 Leit am Gaza ëm d‘Liewe komm. Eng 13.000 goufe bei den israeelesche Bombardementer blesséiert. Den Hamas kontrolléiert a Gaza och de Gesondheetsministère. D‘Zuele loossen sech dowéinst net onofhängeg iwwerpréiwen.

Israel huet iwwerdeems zanter dem Optakt vum Konflikt eegnen Aussoen no eng 500 Verdächteger festgeholl, dorënner 330 aktiv Hamas Memberen. 

Bei den israeelesche Loftattacken op de Gaza ass palestinensesche Source no deen eenzege weibleche Member vum Hamas-Politbüro ëm d‘Liewe komm. Déi 68 Joer al Jamila al-Shanti wier deemno déidlech blesséiert ginn. Si war d‘Wittfra vum fréieren Hamas-Chef Abdel Aziz al-Rantissi. Dee war am Abrëll 2004 bei engem israeelesche Bombardement ëmbruecht ginn.