Radioen

On air

One World  |  Kalashnik Love

play_arrow Live
search

/ Riseg Antidrogecampagne a Sri Lanka

Kritik vu Mënscherechtsorganisatiounen

Riseg Antidrogecampagne a Sri Lanka

Zu Sri Lanka huet d‘Police déi läscht Woch iwwer 15.000 Leit festgeholl. Dat an enger breeder Antidrogecampagne.

auto_stories

1 min

Ënnert deenen, déi festgeholl goufen, sinn 13.700 Drogenhändler, an 1.110 Konsumenten, déi elo eng Entzéiungskuer an engem Zentrum vun der Arméi musse maachen.

Bei där Aktioun goufen 272 Kilo Cannabis, 35 Kilo Haschisch an 9 Kilo Heroin confisquéiert.

Den Oflaf vun där Aktioun gëtt vu Mënscherechtsorganisatioune kritiséiert. Dat ënner anerem, well d‘Police kee legale Mandat hat, déi Aktiounen duerchfeieren.