Déi demokratesch Allianz vum Luis Montenegro, déi am Parlament eng relativ Majoritéit huet, muss elo Koalitiounspartner fannen. Et ass kéng einfach Positioun fir de Montenegro, well hie warscheinlech gefrot gëtt, fir d’Regierung ze forméieren.
An engem Portugal, dat am Moment politesch fragmentéiert ass, erënneren déi grouss Parteien dëser Deeg dowéinst un hier Valeuren a Standpunkten. Vu Lissabon eis Korrespondentin Marie-Line Darcy.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.