Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Stad Esch: Richtung22 soll bis Enn dës Joers am Bâtiment 4 dierfe bleiwen

Konscht a Kultur

Stad Esch: Richtung22 soll bis Enn dës Joers am Bâtiment 4 dierfe bleiwen

D’Stad Esch wëll dem Kënschtlerkolletiv Richtung22 d’Méiglechkeet ginn, seng Aktivitéiten am Batiment 4 bis Enn des Joers weider ze féieren. Um Freidegmoie goung et am Escher Gemengerot eigentlech ëm d‘Konventioun mat der FrEsch asbl. Mee d‘Wellen ëm déi generell Ausriichtung vun der Kulturpolitik hunn zum Deel héich geschloen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Bâtiment 4 | © Instagram Richtung22 play_arrow
Batiment 4 zu Esch (Foto: Archiv)

Kulturpolitik zu Esch gëtt scho méi laang kontrovers diskutéiert. Besonnesch den Ëmstand dat de Kënschtlerkollektiv Richtung22 op den 31. Mee vu Fresch asbl virun d‘Dier vum Batiment 4 soll gesat ginn, hat d‘Gemidder erhëtzt. Um Freidegmoien hat de Kulturscheffen Pim Knaff e Kompromëss virgeschloen.

"Ech géif dem CA vu Fresch proposéieren nach eng Kéier eng Diskussioun ze féieren, iwwer d‘Méiglechkeet nom Oflaf vum 31. Mee Richtung22 à titre de tolérance an zu gewëssene Conditiounen am Batiment 4 ze loosse fir hinnen z‘erméiglechen hir kulturell Saison ofzeschléissen an déi net ze perturbéieren."

Kritik un der Kulturpolitik

D'Propos ass allerdéngs mat der Konditioun verbonnen, datt d’Enn vun der Konventioun op den 31. Mee acceptéiert gëtt. Vun der Oppositiounssäit gouf de Virschlag vu weidere Gespréicher tëscht de betraffene Säiten an den éischte Reaktioune positiv opgeholl. Et gouf awer och generell Kritik un der Ausriichtung vun der Escher Kulturpolitik a Kultur als Event ze verkafen. Zum Beispill déi 4,7 Milliounen Euro fir d‘Francopholies. De Conseiller vun Déi Lenk Marc Baum fënnt, datt dat enorm vill Sue wieren, fir een eenzegt Event. 

Nëmmen een Trouschtpräis

Am Sall waren och Vertrieder vu Richtung22. Déi ware virun allem enttäuscht dat vill iwwert si, awer kee mat hinne geschwat hätt. 

"Et huet 9 Artikelen an der Press gebraucht, stonnelaang Gespréicher mat Politikerinnen, en enormen ëffentlechen Drock, e Solidaritéitsbekenntnis vun de gréissten Organer aus dem B4, eng Gemengerotssëtzung an zwou Motioune, fir datt mir elo wat hunn? Eng Toleranzgrenz fir eis Bureauen ze raumen. Dat ass fir eis leider éischter en Trouschtpräis."

Et géif een awer elo mol ganz oppen an d‘Gespréicher goen a kucke, wéi ee viru kënnt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Politik a Gesellschaft