Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reuters: Fir Wafferou an der Gazasträif wier den Iran prett op Vergeltung ze verzichten

Noen Osten

Reuters: Fir Wafferou an der Gazasträif wier den Iran prett op Vergeltung ze verzichten

Nëmmen eng Wafferou am Gazasträif géif den Iran vun enger Vergeltungsaktioun un Israel ofhalen. Dat mellt Reuters mat Verweis op 3 héichrangeg Responsabeler am Iran.

auto_stories

1 min

Iran Symbolfoto | © picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl
Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl

Hannergrond wiere méiglech Gespréicher dës Woch zu enger eventueller Wafferou. Teheran huet haut iwwerdeems den Appell vu 5 westleche Länner rejetéiert, fir seng Menace géint Israel falen ze loossen an op en Neits betount, d‘Land géif sech am Recht gesinn, Israel unzegräifen. Dat nodeems den Hamas-Chef Ismail Hanijeh viru bal 2 Woche bei enger Attack zu Teheran embruecht gi war.

D‘USA mengen, eng iranesch Attack op Israel kéint geschwënn – méiglecherweis nach dës Woch – sinn, esou den nationale Sécherheetsberoder John Kirby. Washington huet dofir ënnert anerem een Atom-Uboot an d‘Regioun geschéckt.