Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Republikaner blockéieren Hëllefspak fir Israel an d'Ukrain

98 Milliarden euro

Republikaner blockéieren Hëllefspak fir Israel an d'Ukrain

Bei engem Vott am amerikanesche Senat hunn d‘Republikaner ee milliardeschwéieren Hëllefspak fir Israel an d‘Ukrain blockéiert. Et ass ee Pak an der Héicht vun ëmgerechent 98 Milliarden Euro.

auto_stories

1 min

USA Washington Kapitol | © Bigstock / rarrarorro
Foto: Bigstock / rarrarorro

Den Neen koum vun alle Republikaner an dem onofhängege Senateur Bernie Sanders, deen am Prinzip mat den Demokrate stëmmt. Hien huet seng Bedenken ausgedréckt iwwer déi "onmënschlech israeelesch Militärstrategie" par rapport zu de Palestinenser.

D‘Republikaner wëlle mat hirem Neen méi eng streng Awanderungspolitik a méi Kontrollen op der Südgrenz vun den USA erzwéngen.

Den US-President Joe Biden hat am Virfeld gesot,hie wier zu grousse Konzessioune bereet, fir notamment der Ukrain eng weider Finanzhëllef ze ginn. Déi Hëllef kéint och net méi waarden, esou de Biden. Wann d‘Ukrain déi Suen net direkt kritt, wier dat de schéinste Kaddo, deen een dem russesche President Wladimir Putin kéint maachen, esou de Biden.