Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Republikaner Ron DeSantis zitt sech aus der Course ëm d'Wäisst Haus zeréck

Virwalen an den USA

Republikaner Ron DeSantis zitt sech aus der Course ëm d'Wäisst Haus zeréck

An der Course ëm d’Presidence an den USA ass d’Zuel vun de Kandidate méi kleng ginn. De Gouverneur vum Staat Florida, de Ron DeSantis, ass net méi dobäi a gëtt esou dem Ex-President Donald Trump eng nach besser Chance am November de Kandidat vun der Republikanescher Partei ze sinn. Just d’ex-amerikanesch Ambassadrice op der UNO, d’Nikki Haley, steet dem Duell Trump vs. Joe Biden elo nach am Wee.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Ron DeSantis | © picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP play_arrow
Ron DeSantis (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP)

Esou séier geet et am amerikanesche Walkampf. No just engem Staat vu 50, dee gewielt huet, an zwee Deeg virun de Primären hei am New Hampshire, gëtt et just nach zwee realistesch Kandidaten oder Kandidatinne bei de Republikaner. Hei am Nordoste vum Land sollt de Ron DeSantis dësen Dënschden nach eng Kéier d’Chance hunn, sech de Wieler ze stellen, mee am Plaz huet hien a sengem Heemechtsstaat Florida dëse kuerze Video opgeholl.

“Wann ech eppes kéint maache fir eis ee gutt Resultat ze garantéieren, sief et méi Wal-Evenementer oder méi Interviewen, da géif ech dat och maachen. Mee ech kann net vun eise Supporter verlaangen, datt si hir Zäit an hiert Geld afferen, wann et kee klore Wee gëtt, fir ze gewannen. Dofir stoppen ech haut meng Campagne. Ech si stolz drop, datt ech 100 Prozent vu menge Verspriechen agehalen hunn, an ech halen elo net domat op. Et schéngt mir kloer, datt eng Majoritéit vu Republikaner, déi an dëse Primaire wielen, dem Donald Trump nach eng Chance gi wëllen.”

Den Trump gouf ni richteg ugegraff

Seng Ënnerstëtzung gëllt also dem Ex-President, dem Favorit an dëse Virwalen am New Hampshire, besonnesch no sengen iwwer 50 Prozent vun de republikanesche Stëmmen an de Virwalen am Iowa d'lescht Woch. Den DeSantis gëllt als Unhänger vum Trump senger Politik an huet hien ni seriö am Walkampf ugegraff. Hie gëtt dacks als extrem-riets beschriwwen, keng Alternativ fir géint den Trump ze gewannen, den haushéije Favorit bei de Republikaner.

Den Donald Trump huet sech iwwer d’Ënnerstëtzung vum DeSantis gefreet a seet, datt seng direkt an eenzeg richteg Konkurrentin fir d’Nominatioun éischter d’Politik vun den Demokraten, wéi déi vun de Republikaner representéiert. Hei der Nikki Haley hir éischt Reaktioun.

“Et ware 14 Leit an dëser Course, vill Männer. All d’Männer ausser ee sinn elo eraus. Elo geet et ëm d’Fro, wat Dir wëllt: Wëllt Dir weider dat Nämmlecht, oder wëllt dir eppes Neits?”

Lescht Chance New Hampshire?

Déi fréier US-Ambassadrice op der UNO deet sech och schwéier hire fréiere Chef Donald Trump ze kritiséieren. Och si wëll seng Wieler net verléieren. Si seet, datt Amerika keng Course fir d’Wäisst Haus tëscht zwee 80-järege Männer wëll gesinn. Mee Trump a Biden ass dat warscheinlecht Duell am November. Ee gutt Ofschneide vum Nikki Haley am New Hampshire kéint awer een Doute opkomme loossen.

Philip Crowther, fir den 100,7, zu Manchester, am US-Staat New Hampshire.

Lauschterenplay_arrow