Virun deem Hannergrond huet déi israeelesch Arméi gëschter, nieft Rafah, op en Neits och Chan Yunis am Süde vun der Gazasträif wéi et heescht “cibléiert” ugegraff, do wou sech weider Responsabeler vun der Hamas verstoppe sollen.
Ënner anerem hätt d’Militär zu Chan Yunis e Gebai besat, dat vun der Hamas soll gebraucht gi sinn, fir d’Attacke vum 7. Oktober ze preparéieren. Dat Gebai wier en Trainingszenter gewiescht, mat Maquettë vun Entréeë vu Kibbuzen, israeeleschen Arméibasissen a Panzeren.
Yoav Gallant: Rafah dat nächst Zil
Iwwerdeems gëtt eng israeelesch Militäroffensiv géint Rafah gefaart.
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hat gëschter erkläert, et hätt een d’Majoritéit vun den Hamas-Bataillounen zerstéiert, an et géif ee sech och nach ëm de Recht bekëmmeren, ënner anerem zu Rafah. De Verdeedegungsminister Yoav Gallant sengersäits hat d’lescht Woch deklaréiert, Rafah wier dat nächst Zil vun der israeelescher Arméi.
USA wëll zweet Wafferou erreechen
D’Zil vum US-Ausseminister ass et also, fir eng zweet Wafferou ze erreechen, no enger éischter, Enn November. Den Ament si wuel nach 105 israeelesch Geiselen an der Hand vun der Hamas. Den Antony Blinken gëtt haut fir d’éischt a Saudi-Arabien erwaart. Hie reest dono weider an de Katar, an Ägypten, an Israel an an d’Westjordanland.
Der Hamas no gesäit eng vun e puer Länner ausgeschaffte Propos vir, datt et soll zu enger Wafferou vu sechs Woche kommen. Aen där Zäit géife 35 bis 40 israeelesch Geisele géint 200 bis 300 palästinensesch Gefaangener getosch ginn. D’Hamas wéilt eng komplett Wafferou, wat de Benjamin Netanjahu awer refuséiert, trotz dem Drock vu Famillje vun israeelesche Geiselen.
Tensiounen am Roude Mier
An der Regioun kënnt et awer och zu Spannungen am Roude Mier, do wou de Schëffstrafic a Gefor ass duerch d’Huthi-Rebellen aus dem Jemen. Gëschter hat d’US-Arméi den eegenen Aussoen no am Jemen fënnef Marschflugkierpere vun dëse pro-iranesche Rebellen zerstéiert.
Doriwwer eraus hat d’amerikanesch Aviatioun och Positioune vu pro-iranesche Milizen am Irak an a Syrien ugegraff, bei deene 45 Milizionären ëmkomm sinn. Doropshi gouf de Moie fréi eng US-Basis a Syrien mat enger Dron attackéiert, woubäi fënnef Kurde gestuerwe sinn.