Als Favorit gëllt de 34 Joer alen Educatiounsminister Gabriel Attal. Hie kéint domat dee jéngste Premier jeemools a Frankräich ginn. D‘Elizabeth Borne an hir Regierung bleiwe bis op Weideres geschäftsféierend am Amt.
An de leschten Deeg gouf vill iwwer eng nei Regierungsformatioun a Frankräich spekuléiert. Hannergrond ass ënner anerem de Sträit iwwer dat neit Immigratiounsgesetz. Dat krut am Parlament eréischt eng Majoritéit nodeems Konzessiounen un déi konservativ Les Républicains an de riets-extreme Rassemblement National gemaach goufen.