Am Gesetzesprojet ass virgesinn, datt d‘Geschäfter vu Méindes bis Freides vu 5 Auer Moies bis 10 Auer owes dierfen ophunn. Samschdes a Sonndes vu 5 Moies bis 7 Auer owes. Déi selwecht Horairë gëlle fir d‘Deeg virun de Feierdeeg, ausser fir den 22. Juni, de 24. Dezember an den 31. Dezember.
Den 1. Mee, Chrëschtdag an den 1. Januar, mussen d‘Geschäfter zoubleiwen, just Metzlereien, Bäckereien, Patissieren, Traiteuren a Salon-de-consommationen däerfen op deenen 3 Feierdeeg ophunn. Déi nei Horairen si keng Obligatioun, all Geschäft kann dat maachen, wéi et am beschte bei seng Clientèle passt.
D‘Gewerkschaften OGBL an LCGB schwätze vun enger quasi kompletter Liberalisatioun vun den Ëffnungszäiten. D‘Moossnam géif d‘Familjen a Privatliewe vun de 50.000 betraffene Salariéeën zerstéieren, esou d‘Kritik. Déi geplangt Ännerunge géifen zu der liberaalster Politik vun Ëffnungszäiten an der Groussregioun féieren.
Da gouf et och am Regierungsrot gréng Luucht, fir de Camionsverbuet fir Sonndeger a Feierdeeg fir 3 Méint opzehiewen. Dat ass eng Ausnamereegelung wéinst der futtisser Muselschleis an Däitschland. Dowéinst missten elo méi Gidder iwwert d‘Strooss transportéiert ginn an dofir dierfen dann, bis d‘Aarbechten un der Schleis ofgeschloss sinn, d‘Camione Sonndes an d‘Feierdeeg fueren. Déi Aarbechte solle bis Mäerz d‘nächst Joer daueren.