Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reformer oder Iwwergangs-Poopst: Wien ass de Poopst François?

Am Gespréich mam Théo Péporté

Reformer oder Iwwergangs-Poopst: Wien ass de Poopst François?

De Wim Wenders huet de Film iwwert de Poopst François "Ein Mann seines Wortes" genannt. Eng Beschreiwung, déi zoutreffend ass, mengt och den Théo Péporté, fréiere Kommunikatiounschef vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Catholic Church England and Wales/Flickr play_arrow
Foto: Catholic Church England and Wales/Flickr

E Mann, deen zu sengem Wuert steet, an dee bereet ass, häerzlech op d'Mënschen zouzegoen a mat Mënschen ze schwätzen. Esou beschreift den Théo Péporté de Poopst François, deen de 26. September op Lëtzebuerg kënnt.

E Mann man ambivalenten Aussoen

Virun allem am Ufank vu senger Zäit am Vatikan gouf hien als Reformer beschriwwen. Dat wier de Poopst François aus senger Vue awer net, betount den Théo Péporté.

“Ech halen de Poopst François net fir e Reformer vun der Kierch, mee ech halen e fir eng staark Stëmm a Froe vun Ëmwelt a Soziales.”

Sinn also keng grouss Ouverturen ze erwaarde wat zum Beispill d'Positioun vun de Fraen an der Kathoulescher Kierch ugeet? Déi Dier wier zou, mengt den Théo Péporté, dee gläichzäiteg och eng gewëss Ambivalenz beim Chef vun der Kathoulescher Kierch feststellt.

“Gläichzäiteg fuerdert hien no baussen eng gréisst méiglech Gläichberechtegung vum Mann an a vu Fra. Dat weist et e bëssen déi Ambivalenz, déi een och an aneren Aussoe kann erëmfannen.”

Vun de Konservativen ënner Drock gesat?

Mee wéi kéint een déi Ambivalenz erklären? Sinn déi couragéiert Aussoen eventuell just Testballonen? Oder traut hie sech net méi wäit ze goen, well de Risiko besteet, déi konservativ Kreeser aus der Kierch géint sech opzebréngen? Dat wier effektiv de Fall, mengt och de fréiere Kommunikatiounschef vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg.

“Et gi konservativ Kreesser, och am Vatikan, déi si staark an dësen Zäiten, a riskéieren ëmmer méi staark ze ginn. Déi setzen hien ënner Drock.”

Eventuell géing et awer och méi wäit goen an et hätt mat senger Persoun selwer ze dinn, mengt den Théo Péporté. Och de Poopst kéint net iwwert säin eegene Schied sprangen.

Wéi gesäit d'Zukunft aus?

Heiansdo liest een d’Bezeechnung “Iwwergangs-Poopst”, dee just do wier, fir d’Dier fir säi Successeur méi wäit opzemaachen. An och wann hie vläit kee Reformer ass, als Iwwergangs-Poopst gesäit den Théo Péporté de Jorge Mario Bergoglio, wéi de Poopst mam biergerlechen Numm heescht, och net.

“Ech gesinn, dass säi Fort eeben dat Soziaalt ass am wäitste Sënn. Dat hunn aner Peepst och scho gehat, mee hien huet et am ganz Besonneschen an dat ass bemierkenswäert. Mee ech gesinn net, dass säin Nofollger lo sollt do de Reformer ginn. Ech ka mech awer gären iwwerrasche loossen.”

A propos Nofollger: A wéi eng Richtung steiert d’Kierch dann an noer Zukunft? Den Théo Péporté huet wat dat ugeet eng vage Virstellung.

“Ech ka mir virstellen, dass an dësen Zäiten der eng ganz Partie och drun interesséiert sinn, dass et elo mol erëm méi konservativ gëtt, och an deene Froe vu Gerechtegkeet an a Fridden.”

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft