Am CSV-DP-Programm vun 2023 steet, datt d’Regierung d’Ëffnungszäiten am Eenzelhandel wäert an Ofstëmmung mat Patronat a Gewerkschaften adaptéieren. Dës Adaptatioun soll der aktueller Praxis vun den Ëffnungszäite Rechnung droen.
Decisioun vum Verfassungsgeriicht
D’Ëffnungszäite vun engem Bäcker-Betrib anescht ze reegele wéi déi fir eng Tankstell verstéisst géint d’Gläichheet virum Gesetz, hat d’Verfassungsgeriicht virun iwwer sechs Joer decidéiert, erkläert de Wirtschafts- a Mëttelstandsminister Lex Delles.
"An deem Urteel ass et dorëm gaangen, datt ee Bäcker réischt konnt um sechs Auer opmaachen a seng Bréidercher verkafen. Niewendrun awer eng Tankstell, déi awer scho konnt um fënnef Auer opmaachen."
Dowéinst géif d’Gesetz just nach mat Derogatioune funktionéieren. Deemno misst dat Gesetz och elo iwwerschafft ginn, fënnt de Minister.
D'Fro vun der Demande
Zu den Ëffnungszäiten am Handel sot d'Vizepresidentin vun der Kommissioun, Octavie Modert vun der CSV, datt ee sech misst d'Fro stellen, wéi grouss d'Demande do wier.
"Datt ee villäicht de Secteuren d’Méiglechkeet gëtt fir dat auszewäiten, denken ech ass scho richteg, fir se dann op dee selwechte Fouss ze stellen."
Reform wéinst Corona a Verspéidung
D’LSAP-Fraktioun huet proposéiert, datt déi zoustänneg Chamberkommissioune fir Wirtschaft an Aarbecht eng Analys zu den Ëffnungszäite solle maachen. Den Deputéierte Claude Haagen:
"Mir hunn awer och intervenéiert, ob dat da fir dee ganze Commerce, fir déi ganz Geschäftswelt ass, wéi do d’Conditioune sinn, ob dat och d’Sonndeszäiten, betrëfft."
De Minister Lex Delles hat schonn 2019 gehofft, een neit Gesetz fir d’Ëffnungszäiten Ufank 2020 kënne virzestellen. Dës Reform hätt hie “wéinst Corona” leie geloss, hat et duerno an der Press geheescht.