Radioen

On air

Notturno  |  Jimi Hendrix - The Wind Cries Mary

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Réckbléck op d'Gemengewalen 2023

Superwaljoer

Réckbléck op d'Gemengewalen 2023

2023 war hei am Land e “Superwaljoer” mat de Chamberwalen am Oktober an de Gemengewalen am Juni.
Bei de Gemengewalen 2023 huet d’DP landeswäit déi meeschte Mandater dobäi gewonnen. D’CSV huet awer op een neits déi meeschte Mandater op kommunalem Niveau kritt. D’LSAP ass bei de Mandater stabil bliwwen, an déi gréng hu verluer. De Serge Kesseler mat engem Réckbléck op d’Gemengewalen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

De Wonsch vun engem  Stater Wieler, mat deem mir um Walsonndeg geschwat hunn, sollt den 11. Juni net an Erfëllung goen:

"Éischter politesch Wiessel, well et gëtt awer e bëssen Zäit fir neie Wand eran ze bréngen, an dass déi nei Iddien e bësse méi Akzeptanz kréien."

Dës Stater Wielerin dogéint dierft no de Gemengewale méi zefridde gewiescht sinn:

"Ech fannen eis Buergermeeschterin, déi ass super, super."

Stad: Alles beim alen

D’DP-Politikerin Lydie Polfer konnt effektiv als Buergermeeschterin weider regéieren, weiderhin an enger DP-CSV-Koalitioun. D’Demokratesch Partei huet bei de Gemengewalen an der Stad ee Sëtz dobäi gewonnen an den alen an neie Partner CSV huet ee Sëtz verluer: zesummen ass et deemno bei 16 vun de 27 Sëtzer bliwwen.

Um Walowend sot d'Lydie Polfer:

"Mir hunn op Grond vun deene Resultater, déi jo elo definitiv sinn...mir hunn zesumme geschwat a mir hu fonnt, et wier am Fong normal, datt mir géingen als éischt Koalitiounsverhandlunge géingen ufänken. An dat hu mer eben elo zesummen decidéiert."

De Serge Wilmes ass zanter November zwar Member vun der Regierung, hat am Juni awer nach natierlech just d'Stater Gemeng virun Aen.

"Ech kann der Madamm Polfer nëmme Recht ginn, datt déi stäerkste Partei mat där zweetstäerkster Partei, déi zesumme Koalitiounsgespréicher féieren. An déi och déi leschte sechs Joer gutt zesumme geschafft hunn."

Esch: LSAP konnt d'Koalitioun net kippen

An der zweetgréisster Gemeng am Land, zu Esch-Uelzecht, huet d’CSV den 11. Juni de Buergermeeschterposte behalen a konnt virun an enger Koalitioun mat der DP an deene Grénge regéieren. De Georges Mischo um Walowend zu Esch:

"Eis Iddie stinn am Fong geholl fir Stabilitéit a Kontinuitéit fir d’Stad Esch, an dat ass mengen ech dat, wat an eise Käpp elo dran ass, fir ze soen: Hei, mir wëllen eis Stad nach ëmmer viru bréngen, sou wéi mir dat scho viru sechs Joer ugefaangen hunn. An dat ass elo d’Iddi, déi elo hannert deene Sondéierungsgespréicher ab nächster Woch solle lafen."

Trotz engem gudde Resultat vun der LSAP zu Esch konnt d’Equipe mam Spëtzekandidat Steve Faltz d’Koalitioun also net kippen.

"Ech sinn nach ëmmer houfereg iwwer eist Resultat. Mir hunn eis Sektioun konsolidéiert, mir hu se frësch opgebaut. Jo, et ass Politik. Ech mengen, dat ass eben elo sou."

Manner gréng zu Déifferdeng

An der drëttgréisster Gemeng, zu Déifferdeng, hunn déi Gréng véier Sëtz verluer. Eng éischte Kéier zanter 1999 ass d’LSAP vum neie Buergermeeschter Guy Altmeisch déi stäerkste Kraaft ginn, an huet eng Koalitioun mat der CSV forméiert. D’Fro, wéi anescht d’Politik zu Déifferdeng ouni déi Gréng an der Koalitioun wäert ginn, huet den alen an neien CSV-Schäffen Tom Ulveling eis esou beäntwert.

"Sou ganz vill anescht wäert se net ginn. Mee et soll ee villäicht manner ideologesch un déi Saachen eru goen an och villäicht zousätzlech nach méi mat de Leit schwätzen an de Leit näischt opdrängen. An déi gréng Uleies si jo berechtegt, mee et muss een awer de Leit nach e bësse Fräiheet kënne loosse fir selwer ze decidéieren, ob se wëlle mam Auto oder mam Vëlo oder zu Fouss goen."

CSV an DP staark: ee Virzeechen?

Landeswäit ass d’CSV bei de Gemengewalen 2023 déi stäerkste Kraaft bliwwen, mat awer iwwer véier Prozentpunkte manner wéi 2017. D’Parteipresidentin Elisabeth Margue, um Dag no de Walen:

"Mir si mat 26,1 Prozent vun de Stëmmen awer nach ëmmer déi stäerkste Partei bei wäitem och um Gemengenniveau. Mir hunn a verschidde Gemenge besser Resultater gemaach, wéi 2017, aner Gemenge manner gutt Resultater. Mee dat kann een och net 1 zu 1 vergläichen. Grad Gemengewale si ganz vill och drop bezunn, vun deene Leit, déi mat an d’Wale ginn, dat heescht d’Leit panachéiere ganz vill, sou datt een do net ka kloer Conclusiounen draus zéien."

D’LSAP huet bei de Gemengewale ronn 21 Prozent vun de Stëmme kritt: ee Minus vu bal dräi Punkten am Verglach mat 2017. Knapp hannendrun, op der drëtter Plaz vun de Parteie bei de Gemengewalen 2023, kënnt d’DP, mat iwwer 20 Prozent vun alle Stëmmen. Als eenzeg grouss Partei huet d’DP Stëmmen a Mandater dobäi gewonnen. Dozou den deemolegen DP-Premier Xavier Bettel:

"Ech gesinn, dass och an enger Rëtsch vu Gemengen, d’Partei an där ech Member sinn, och Verantwortung kann iwwerhuelen an dat mécht engem selbstverständlech Freed."

Nieft der DP hunn och d’Piratepartei an d’ADR bei de Gemengewale Mandater dobäi gewonnen. Déi gréng gehéieren zu de Verléierer: si hunn 12,7 Prozent vun de Stëmme kritt, dat si bal véier Prozentpunkte manner, wéi 2017.

Lauschterenplay_arrow