Radioen

On air

Notturno  |  Isaac Delusion, Lucasv - Let Her Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rechnungshaff: Ze héich Scholde géifen ëffentlech Finanzen a Gefor bréngen

Staatsfinanzen

Rechnungshaff: Ze héich Scholde géifen ëffentlech Finanzen a Gefor bréngen

D‘Cour des Comptes warnt virun enger ze héijer Staatsschold. Am Avis vum Rechnungshaff iwwert de Budgetsprojet fir dëst Joer heescht et, eng ze vill héich ëffentlech Schold géif riskéieren d‘Nohaltegkeet vun den ëffentleche Finanzen a ze Gefor bréngen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Dat géif dem Staat manner Spillraum loosse fir ze investéieren.

D‘Cour des Comptes begréisst, datt de Finanzminister Gilles Roth ekonomesch Mesuren annoncéiert huet, fir enger ze staarker Scholde-Croissance entgéint ze wierken. Allerdéngs wieren esou Mesuren nach net am aktuelle Budgetsprojet dran, konstatéiert de Rechnungshaff.

Staatsschold klëmmt em 41 Prozent

Fir d‘Evolutioun vun der Staatsschold ze weisen, baséiert d‘Cour des Comptes sech op Budgets-Previsiounen: Deemno soll d‘Staatsschold an der Period 2023-2027 ëm ronn 7 Milliarden oder bal 41 Prozent weider klammen. Parallel dozou géifen awer och d‘Tauxe vun den Zënse klammen. Fir de Staat géifen dowéinst Emprunte vill méi deier ginn, sou d‘Cour des Comptes.

Bei den ëffentleche Recette spillt virun allem de Finanzsecteur eng predominant Roll. Bei der Kierperschaftssteier fir d’Betriber wieren zejoert bal 71 Prozent aus dem Finanzsecteur erakomm.

Alles an allem wënscht sech de Rechnungshaff vum Ministère méi konkret Prezisiounen doriwwer, a wéi enge Ministèren a Verwaltunge wéi vill gespuert muss ginn.

Lauschteren