Radioen

On air

Tockcity  |  Manic Street Preachers - Hiding in Plain Sight

play_arrow Live
search

/ "Real Deal" - Honeyglaze: Indie-Rock, vu blénkeg bis granzeg 

Albumreview

"Real Deal" - Honeyglaze: Indie-Rock, vu blénkeg bis granzeg 

Wéi verschafft een am beschten seng Trauer, nodeem eng Bezéiung an d‘Bréch gaangen ass? De britteschen Trio Honeyglaze mécht op sengem neien Album "Real Deal" aus Misär iwwerraschend ofwiesslungsräich Musek. 

auto_stories

4 min

Foto: Honeyglaze

Honeyglaze nennt sech déi Formatioun, déi d’lescht Woch hiren zweeten Album “Real Deal” erausbruecht huet, an déi den 10. Dezember wäert zu Bouneweg an de Rotondë Statioun ze maachen. 

De Bandnumm u sech, Honeyglaze, also “mat Hunneg iwwerzunn”, léisst jo scho bal drop schléissen, dass hei éischter gefälleg Téin gebuede ginn.

An et sollt een de Bandnumm dann och net an d’Sichmaschinn vu sengem Browser aginn, wann ee grad de géien Honger huet. Do begéinen engem nämlech éischter Biller vu glaséierte Muerten, déi wéineg mam zäitgenësseschen Indierock ze dinn hunn, deen d’Band mam Numm Honeyglaze proposéiert. De séiss blénkege Couche Pop, deen hei op de Singelen “Pretty Girls” an och “Cold Caller” glënnert, zitt sech net duerch déi 11 Titelen. 

Vu Ballade bis Post-Rock

Honeyglaze, dat sinn d’Gittaristin a Sängerin Anouska Sokolow, de Bassist Tim Curtis an de Batteur Yuri Shibuichi. No hirem einfach “Honeyglaze” betitelten Debut aus dem Joer 2022, deen héich gelueft gouf a beim ganz ugesote Speedy Wunderground-Label erauskoum, konnt ee gespaant sinn, wéi d’Formatioun sech géif weiderentwéckelen. A mam Nofollger ass hinnen tatsächlech eng Plack gelongen, op där all Lidd eng eege Stëmmung huet. A wann do net déi douce an awer determinéiert Stëmm vun der Anouska Sokolow wier, da géif een se villäicht emol guer net der selwechter Band zou uerdnen. 

Den Opener “Hide” kënnt mat zimmlech knaschteg verzerrte Gittaren direkt emol mat der Dier an d’Haus gefall. Bei “Ghost” verstoppt sech ënnert dem verwäschenen alternative Rock scho bal eng Ballad vun der Adele. Als schéi Ballad fänkt och “Safety Pins” un, ier d’Versécherungsspéngele lass ginn, an den uerdentleche Schema ausenaner fiert fir engem Post-Rock Plaz ze maachen, deen onerwaart hefteg duddert.

An dann ass do nach “Don’t”, eng Ofrechnung mat engem oder enger Ex-Partner:in, déi direkt a frësch kléngt, an natierlech och eng Portioun queesch:

Eng schwéier Zäit verschaffen, ouni verbattert ze kléngen

D’Anouska Sokolow verschafft effektiv eng méi schwéier Zäit an hirem Liewen, wou eng Bezéiung an d’Bréch gaangen ass. Dat mécht si awer ouni verbattert ze kléngen oder sech selwer leed ze dinn. Neen, si fënnt ëmmer erëm ganz iwwerraschend Manéiere fir e Gefill ze beschreiwen, dat gefillt schonn op all méiglech Manéier beschriwwe gouf.

A “Ghost” zum Beispill heescht et: “You can see me naked without taking off my clothes”. E Bild dofir, wéi et ass, engem Mënsch nach ëmmer zum Deel ausgeliwwert ze sinn, well een ee Moment Intimitéit gedeelt huet, déi een dono ni méi ganz kann zeréckhuelen. 

Am Titel “TV” verwandelen sech Reality-TV-Emissiounen, an deenen Haiser renovéiert ginn, a kleng Inselen op déi ee sech rett, wann engem doheem vu lauter Elengsinn de Plaffong op de Kapp fält. Et sinn déi präzis an eegewëlleg Biller, déi hei a Klang a Wuert erschaf ginn, déi den Album vun anere rezenten Indie-Produktiounen ënnerscheeden, zum Beispill Black Country New Road, mat deene si alt verglach ginn. 

Nodeem den Debut vun 2020, dee vum Dan Carey produzéiert gouf, deen eng absolut Referenz ass, an ënner anerem de Sound vu Bands wéi Fontaines D.C., Kae Tempest oder dem Nick Mulvey gepräägt huet, souz dës Kéier de Claudius Mittendorfer hanner dem Mëschpult. Hie kennt ee vu rezenten Albume vu Parquet Courts, Temples oder dem Johnny Marr.