Radioen

On air

De Weekend  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
search

/ Rakéitenalarm zu Kiew - Problemer mat de Leopard 2 Panzer

Ukrainkrich

Rakéitenalarm zu Kiew - Problemer mat de Leopard 2 Panzer

An der ukrainescher Haaptstad Kiew gouf et hënt nees Rakéitenalarm. Déi ukrainesch Loftofwier huet probéiert, eng Well vun Dronen ofzeschéissen. Och an anere Stied waren Alerten aktiv.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Alexander Welscher
(Foto: picture alliance/dpa | Alexander Welscher)

De russesche President Wladimir Putin hat gëschter ugekënnegt, datt d‘Bombardementer nach vill méi intensiv géife ginn. Dat no der ukrainescher Attack op déi russesch Stad Belgorod. Dobäi waren e Samschdeg 25 Leit ëm d‘Liewe komm.

Leopard 2 Panzer: Et feelt un Ersatzdeeler

Vun dem am ganzen 18 Leopard 2 Panzer déi Däitschland un d‘Ukrain geliwwert huet sinn der just nach e puer am Asaz. Der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun am Bundstag no wiere Reparaturen noutwendeg. Et géif awer un Ersatzdeeler feelen. Parallel géifen et och technesch Defaillance ginn, well d‘Ukrainer d‘Panzer op eege Fauscht géife reparéieren. Elo soll gekuckt ginn, wéi d‘Formatioun vun den Techniker weider ka verbessert ginn.