arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rakéit trëfft Golan-Héichten, Israel dréit mat Géigereaktiounen

Noen Osten

|
reading time

1 min

Rakéit trëfft Golan-Héichten, Israel dréit mat Géigereaktiounen

Déi israeelesch Arméi huet annoncéiert, datt eng Uertschaft um Golan-Plateau vun enger Rakéit getraff gi wier, déi vu libaneeseschen Terrain aus ofgeschoss gi wier. 12 jonk Leit wieren do gestuerwen.

reading time

1 min

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet déi Attack denoncéiert an huet mat enger Géigenaktioun géint déi islamistesch-libanesesch Hizbollah gedreet. D‘Hizbollah huet séier dementéiert, eppes mat der Attack ze dinn ze hunn. D’Golanhéichte gehéiere vëlkerrechtlech zu Syrien, mee goufen 1967 am 6 Deeg Krich vun Israel besat an 1980 annektéiert.

An der Gazasträif huet eng israeelesch Attack eng Schoul getraff, 30 Mënsche wieren do ëm d’Liewe komm, huet d‘Hamas de Samschdeg annoncéiert.