Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Protester zu Tel Aviv a Jerusalem géint Netanjahu a fir d'Fräiloossung vun de Geiselen

Entwécklungen am Noen Osten

Protester zu Tel Aviv a Jerusalem géint Netanjahu a fir d'Fräiloossung vun de Geiselen

Zu Tel Aviv an Israel ware gëschter dausende Leit op der Strooss, als Protest géingt den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. Si hunn, wéi an der läscht scho méi dacks Neiwale gefuerdert, an di direkt Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen, déi nach an der Gewalt vun der Hamas sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Cindy Riechau
Foto: picture alliance/dpa | Cindy Riechau

Zu Tel Aviv goufe 16 Leit festgeholl. Och zu Jerusalem gouf protestéiert, d‘Demonstranten haten hei eng Ofspärung virum Amtssëtz vum Netanjahu duerchgebrach.

An der Gazasträif geet de Krich weider. Déi israeelesch Arméi war gëschter ënner anerem am Al Schifa Spidol zu Gaza aktiv a mellt, do Hamaskämpfer doutgemaach ze hunn. Déi israeelesch Arméi seet, d‘Hamas hätt do nei Kampf- a Kommandopositiounen installéiert, nodeem d‘israeelesch Arméi déi am November eréischt zerstéiert haten.