Radioen

On air

Notturno  |  Polobi & The Gwo Ka Masters - On Jan Padjanbel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ProVelo huet d‘Parteien zu hirer Vëlospolitik befrot

Mobilitéit

ProVelo huet d‘Parteien zu hirer Vëlospolitik befrot

De Vëlo als Verkéiersmëttel ass an all Walprogramm vun de Parteien ukomm. Mee verschidde Programmer, wéi dee vun der DP, hätten een Toun vum "Tout Faire" fir Autoen, wéi Vëloen, sou de Constat vun der Associatioun ProVelo. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmidt | © Cyrille Hill play_arrow
Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmidt (Foto: Cyrille Hill)

D’ Vëlospolitik "ass bei verschiddene just déi eng oder aner Zeil a bei anere ganz Kapitel", seet d’ Monique Goldschmit, Presidentin vu ProVelo. Kloer Aussoe feelen an de meeschte Programmer. D'Theema Vëlo géif munchmol einfach ofgehaakt ginn. Eng vage Approche à la “tout faire” gëtt bei der DP an CSV constatéiert.

"Dat heescht, mir maachen eppes fir de Vëlo, mir maachen eppes fir den ëffentlechen Transport, mir maachen eppes fir den Auto. D’ Prioriséierung ass net ëmmer sou ganz kloer an de Walprogrammer."

Net vill Vëlo bei der LSAP, guer näischt bei der ADR

De roude Fuedem fir eng konsequent Vëlospolitik feelt och bei anere Parteien, erkläert d'Monique Goldschmit.

"D'LSAP huet Saachen, awer net sou vill zum Vëlo. Mobilitéit kënnt bei der LSAP just beschränkt vir. Bei der ADR kënnt e bal net fir. Bei Fokus kënnt en och just vage fir."

Bei de Gréngen an déi Lenk ass zum Vëlo am meeschten ze liesen, seet d’ Monique Goldschmit. Eng Mesure, déi d’Liewe vu Vëlosfuerer méi schwéier géif maachen, identifizéiert ProVelo bei der ADR. D’ Partei wéilt nämlech net méi, datt Vëloen niefteneen op der Strooss fuere sollten.

Wat soen d'Parteien zum Tempolimitt 30?

D’Parteie goufen och zu konkrete Mesure gefrot. Fokus, d’ LSAP, déi gréng an déi Lénk géife bei blockéierte Projeten op Enteegnung zeréckgräife fir den Ausbau vum Vëlosreseau ze garantéieren. D‘ Parteie goufen och zu enger Haaptfuerderung vun der Associatioun befrot,

"Dat ass de generaliséierten Tempo 30 fir d’Uertschaften, deen och fir gréisser Stied wichteg ass. Do sinn zwou Parteien dofir an all déi aner Parteie sinn dogéint."

Dofir sinn déi gréng an déi Lénk. An den Äntwerte vun de Parteie sinn och nei Froen opkomm, zum Beispill op se sech un de Plan National de Mobilité hale wëllen.

Nächste Mëttwoch organiséiert ProVelo dowéinst mat den aacht Parteien – d’ KPL, déi Konservativ a Liberté-Fräiheet goufen net gefrot – eng Table Ronde zur Vëlospolitik.

Lauschterenplay_arrow