Radioen

On air

Notturno  |  Amor Muere - Love Dies

play_arrow Live
search

/ ProVelo: E Witz, datt Tram Linn duerch d‘Avenue Porte Neuve vum Dësch ass

Mobilitéit

ProVelo: E Witz, datt Tram Linn duerch d‘Avenue Porte Neuve vum Dësch ass

ProVelo weist sech enttäuscht mam neie Stater Mobilitéitsplang. An deem Plang géif et bal keng konkret Verbesserungsvirschléi fir de Vëlo an der Haaptstad ginn. 

auto_stories

1 min

D‘ASBL kritiséiert och, datt de Bau vun enger zweeter Tramlinn duerch d‘Avenue Porte Neuve fir elo mol vum Dësch ass. Et wier e Witz, datt déi Stater Responsabel den Tram do net wéilten, fir datt Awunner vum Lampertsbierg a Kierchbierg weider mam Auto an de Stater Zentrum kënne fueren, sou d‘asbl ProVelo.

De Stater Mobilitéitsplang bis 2035 war virgëschter virgestallt ginn.