Radioen

On air

Notturno  |  Neu! - Super (Mogwai Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ProActif-Prozess verréckelt

Justiz

ProActif-Prozess verréckelt

D’Aarbechtsgeriicht an der Stad sollt sech haut eng éischt Kéier mam Ofsetze vum ProActif-Direkter François Georges befaassen: Sollt, well d’Affär gouf op Wonsch vum Affekot vun der LCGB-Beschäftegungsinitiativ op d’Enn vum Mount verréckelt. De François Georges war jo de leschte Mount ofgesat ginn, nodeems de President Norbert Conter gesot hat, hie wier vum Ex-Direkter agresséiert ginn. Deen hat awer all Form vun Agressioun géint de President formell dementéiert.

auto_stories

1 min

Just eng Minutt ass et de Mëttwoch um Stater Aarbechtsgeriicht ëm d’Ofsetze vum François Georges als Direkter vu ProActif gaangen. Du gouf d’Affär op d’Enn vum Mount verréckelt. Mat enger Référésprozedur - dat entsprécht der däitscher „einstweiligen Verfügung“ - wiert sech den Ex-Direkter géint séng Revocatioun. Et wier déi éischte Kéier gewiescht, datt sech e Geriicht mam Sträit tëscht ProActif an dem François Georges befaasst hätt.

D’Me Katrin Gillen huet awer, a Vertriedung vum Me Lehnen, dem Affekot vu ProActif, en neien Datum gefrot, well ee de Méindeg eréischt d’Mandat kritt hätt, fir d’LCGB-Beschäftegungsinitiativ an dëser Affär ze vertrieden. Wouriwwer de Me Romain Adam, Affekot vum François Georges, enttäuscht war.

„Jo, mir sinn natierlech net frou! Mir hätten dat gär haut evakuéiert virum Geriicht, well et geet elo scho laang Zäit duer, datt hei de Geck gemaach gëtt mam Här Georges! An, bon, et ass elo vertaagt ginn; ech hoffen, dass mer dann zu Wuert kommen an dass den Här Georges endlech kann och séng Meenung zu deem ganze Sujet soen."

Deemno dierfte sech béid Parteien dann elo um Enn vum Mount eng éischt Kéier viru Geriicht erëmgesinn.