D‘Presidentin vu Pro-Vëlo Monique Goldschmit ass no der Generalversammlung vun der Organisatioun e Freiden éischter optimistesch, wat d‘Zesummenaarbecht mat der neier Regierung ubelaangt.
Déi nei Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hätt bei där Geleeënheet villverspriechend Erklärunge ginn, beispillsweis zu enger geplangter Sensibiliséierungscampagne fir Vëlosfuerer. Hei sollt deemno op dat allgemengt Zesummeliewen am Verkéier opmierksam gemaach ginn. Et wier berouegend, datt hei net nees just d'Vëlosfuerer gesot sollte kréien, datt se missten oppassen, mee datt jidderee viséiert wier, betount d'Monique Goldschmit.
Projete fir de Vëlo weider ze fërderen
Wat hir Pläng fir dëst Joer ubelaangt, wäert Pro-Vëlo wéi gewinnt eng Aktioun ronderëm den internationale Vëlosdag den 3. Juni organiséieren. Donieft soll schonn am Fréijoer e Gemengeseminar organiséiert ginn, fir déi nei Gemengen a Schäfferéit ze informéieren, wéi si de Vëlo besser kënne fërderen a vu wéi engen Hëllefen si dobäi kënne profitéieren.
Des Weidere wëllt d'Organisatioun hir Vëlosschoul wéinst där grousser Demande dëst Joer weider ausbauen.