Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
search

/ Prisonéier vu Giwenech gouf zu Tréier festgeholl

Um Silvesterowend

Prisonéier vu Giwenech gouf zu Tréier festgeholl

Ee Prisonéier vu Giwenech gouf um Silvesterowend zu Tréier festgeholl. Dat huet déi däitsch Police haut matgedeelt. De 26-Joer ale portugisesche Resident war vun de Lëtzebuerger Autoritéite gesicht ginn, well en net vun enger Sortie autorisée zeréck komm war.

auto_stories

1 min

Police | © Alena.K / Bigstock
Police (Foto: Alena.K / Bigstock)

Hie gouf bei enger Kontroll zu Tréier arrêtéiert. De Mann hat deen Ament och Kokain, Cannabis an e Messer bei sech. De Mann gouf doropshin un déi Lëtzebuerger Police iwwerginn.