search

/ Presuméierten Nordstream-Attentäter soll elo awer ausgeliwwert ginn

Italien

|
reading time

1 min

Presuméierten Nordstream-Attentäter soll elo awer ausgeliwwert ginn

No iwwer dräi Méint an Untersuchungshaft huet Italien elo ee presuméierte Responsaablen vun den Attacken op d‘Nordstream-Pipeline un Däitschland ausgeliwwert.

reading time

1 min

Den 49 Joer alen Ukrainer gouf un déi däitsch Police iwwerreecht a gëtt zu Karlsruhe erwaart, wou hie virun den Untersuchungsriichter komme soll, heescht et vun den Autoritéiten. An Däitschland soll him dann och de Prozess gemaach ginn.