Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ President vun der Moudefederatioun: „D’Soldesaison dierf net ze laang sinn“

Bilan vun de Wantersolden

President vun der Moudefederatioun: „D’Soldesaison dierf net ze laang sinn“

​​​​​​​Ufank Januar hunn d’Solden ugefaangen a si daueren och nach eng Woch. Véier Woche wieren awer ze laang, fënnt, de Marc Herber, President vun der Moudefederatioun FEMO a Member vum Stater Geschäftsverband. "Den Impakt vun de Solde geet domat verluer", seet hien. Och iwwert den Datum vum Ufank vun de Solde misst een diskutéieren.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

"D’Wantersolde si bis elo gutt gelaf”, seet de Marc Herber. Et hätt nom Joreswiessel lues ugefaangenen, wéi et awer bis kal gouf, ass vill verkaaft ginn. D’Geschäftsleit hunn eng ënnerschiddlech Meenung, op wéi engem Datum d’Solde sollen ufänken. De Marc Herber fënnt den aktuelle Stéchdag net optimal. Klimatechnesch géif et ëmmer méi spéit kal ginn – am Oktober 2023 goufen nach 20 Grad gemooss. Wann d’Solden dann ze fréi sinn, wier d’Saison verkierzt.

Changementer an der Geschäftswelt

An der Stad änneren d’Geschäfter aktuell vill a séier “den Ament ginn et vill “Coffee to go” Geschäfter”, seet de Marc Herber. De Maart géif sech do awer vum selwer reguléieren. Jiddefalls hätten d’Leit Loscht an d’Geschäfter ze kommen, esou de Marc Herber, trotz dem Succès vum Onlinehandel. Grad an der Chrëschtzäit – och wéinst dem Wantermaart - wier vill lass gewiescht.

Heescherei beaflosst de Commerce net negativ

Am Kontext vun der Diskussioun iwwert den Heescheverbuet ënnersträicht de Marc Herber, datt déi aggressiv Heescherei muss verbuede ginn. D’Cliente wéilten net vun Heescherte bedrängt ginn. Par conter géifen déi déi roueg do setzen, de Commerce net negativ beaflossen, ënnersträicht de President vun der FEMO.

Lauschterenplay_arrow