Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Singapur wëllt am Beräich Weltraumtechnologien eng méi enk Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg

50. Anniversaire vun den diplomatesche Relatiounen

Singapur wëllt am Beräich Weltraumtechnologien eng méi enk Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg

No knapp zwee Deeg kënnt am fréien Owend elo d’Statsvisite vum President vu Singapur zu Lëtzebuerg op en Enn. Virun allem politesch a wirtschaftlech Rendez-vouse stoungen dobäi am Mëttelpunkt. Virun der Press soten de Gaascht aus Asien an de Lëtzebuerger Premier am Nomëtten, et wéilt een d’Relatiounen tëscht béide Länner verdéiwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Tharman Shanmugaratnam huet vun enger vertrauensvoller Relatioun mam Luc Frieden geschwat. Et kennt ee sech aus gemeinsamen Zäiten als Finanzminister, soudatt ee riicht eraus matenee geschwat hätt. Singapur a Lëtzebuerg wieren natierlech Partner, sou de President vum asiatesche Land.

"Wéi de Premier Frieden sot, verdéiwe mer elo eis Zesummenaarbecht. Ech mengen, d’Medie wëssen, datt mer staark drun interesséiert sinn, mat der SES a Lëtzebuerg bei der Entwécklung vun der Weltraumtechnologie zesummen ze schaffen. Et gëtt do opreegend Méiglechkeeten."

Déi produktiv Diskussiounen, déi een den Donneschdeg an haut hat, géifen op alle Fall virugoen.

Och de Luc Frieden huet drop insistéiert, datt sech déi zwee Länner gutt verstinn, well se vill Änlechkeeten hunn. Allebéid hätten zum Beispill eng international Finanzplaz. Déi zwee Deeg iwwer hätt ee spezifesch gekuckt, fir a verschiddene Beräicher méi enk zesummen ze schaffen "sief et am Satellitteberäich, sief et och am Beräich vun der ziviller Protectioun, oder awer tëscht den Universitéiten".

De Luc Frieden wëllt nach an dëser Legislatur op Singapur reesen

Et wéilt een also zum Deel Neies mat Singapur maachen, an eng Statsvisitt misst an der Suite dovu Saachen erginn. Et géif u konkrete Projete geschafft ginn, an de Luc Frieden ka sech gutt virstellen, datt et och eng Kéier eng Statsvisitt vu Lëtzebuerg zu Singapur gëtt.

"...mee et wäert sécherlech och Aarbechtsvisitten an déi aner Richtung ginn, och vun enger Rei vu Fachministeren, och vu mir selwer."

De Premier wëll nämlech versichen, an dëser Legislaturperiod op Singapur ze reesen.

Lauschterenplay_arrow

live

Live