Grouss Ambitiounen huet Paräis fir d’Olympesch Spiller am Summer. Dat wéist sech zum Beispill scho bei de Pläng fir d’Erëffnungszeremonie. Eng éischte Kéier iwwerhaapt wäert dës net an engem Stadion stattfannen, mee laanscht d’Seine. Iwwer sechs Kilometer soll sech den Defilé erstrecken.
45.000 Sécherheetsbeamte fir d'Spiller am Asaz
Eng 300.000 Spectateure ginn erwaart. Trotz alle Sécherheetsbedenken a Risike wëlle Stad a Regierung un dësem Plang festhalen, och wann d’Organisatioun an engem Stadion vill Virdeeler huet, seet de Sécherheetsexpert an eemolegen Officier supérieur vun der franséischer Gendarmerie, de Bertrand Cavallier
“Il est évident que l’organisation dans un site fermé permet de sanctuariser, de mieux filtrer, de mieux contrôler.”
Booter, Helikopteren, Dronen an iwwer 45.000 Sécherheetsbeamte sollen ënner anerem am Asaz sinn, fir d’Sécherheet wärend de Spiller ze garantéieren. Dat wäert natierlech och den Alldag vun den Awunner net ganz onberéiert loossen. De Bertrand Cavallier mengt awer net, datt et fir all ze groussen Ierger wäert suergen.
“Il y aura toujours, à la marge, des gens qui les critiqueront, mais l’immense majorité fait preuve de bon sens et de sagesse et sait qu’il faut passer par là.”
D'Waasserqualitéit vun der Seine muss stëmmen
Niewent der Sécherheet gëtt et awer nach e weidere Knackpunkt bei der Organisatioun: D’Seine, déi eng ganz zentral Roll soll anhuelen. Net nëmmen d’Erëffnungszeremonie soll hei ausgedroe ginn, mee och d’Kompetitioune vum Triathlon an dem Laangstreckeschwammen. Dofir muss awer d’Waasserqualitéit stëmmen.
Leschte Summer huet een Testevent missen ofgesot ginn, well d’Waasser ze knaschteg war. De gréisste Risikofacteur ass d’Meteo, seet de Sorbonner Hydrolog Jean-Marie Mouchel. Ze vill Ree kéint dozou féieren, datt Offäll an Ofwaasser an de Floss gespullt ginn a gewëss Grenzwäerter net kënnen agehal ginn.
“Sauf dans des circonstances un peu délicates, qui peuvent être liées à une pluie - là, c'est évident qu’il y a des tas de rejet un petit peu partout qui feront que la qualité [d’eau] ne sera pas suffisamment bonne.”
D'Paräisser wäerten an der Seine schwamme kënnen
1,4 Milliarden Euro goufen investéiert fir d’Seine méi propper ze maachen. Net nëmme fir d’Olympesch Spiller. Och duerno soll am Floss geschwomme ginn, wéi d’Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo am Januar annoncéiert hat.
“Après les jeux, les Parisiennes et les Parisiens se baigneront dans la Seine en 2025.”
Véier decisiv Méint
Dräi Spotte sollen zu Paräis selwer dofir ageriicht ginn. Laang Zäit wier dat ondenkbar gewiescht, seet de Jean-Marie Mouchel, mee wéinst de Spiller wier een Aarbechten ugaangen, déi ee virdrun net ënnerholl huet.
“Un enjeu très important, ça était justement de donner un nouvel élan au progrès que l’assainissement de l’agglomération de Paris devait faire.”
Vill Éiergäiz also zu Paräis virun de Spiller, mee och nach eng sëlleg Erausfuerderungen. Et bléiwen deemno véier decisiv Méint fir d’Organisateuren.