Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
search

/ Première bei den Olympesche Spiller: Breakdance

Olympesch Spiller

Première bei den Olympesche Spiller: Breakdance

Et ass eng Première op den Olympesche Spiller zu Paräis: Breakdance ass zu Paräis déi éischte Kéier eng olympesch Disziplin. A KO-Dueller trieden déi 16 Dänzer:inne géinteneen u bis um Enn nach zwou Dänzerinnen an zwee Dänzer iwwereg bleiwen, déi dann déi éischt Breaking-Goldmedailen ënner sech aus maachen.

auto_stories

3 min

© picture alliance / CHROMORANGE | www.viennaslide.com
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | www.viennaslide.com

Et ass awer nieft dem sportleche Succès och e wichtegen Ament fir eng Danzdisziplin bei den Olympesche Spiller derbäi ze hunn. Et ënnersträicht, datt Danz net nëmme Konscht a Kreativitéit ass, mee och e sportlechen Effort.

De Breaking oder de Breakdance ass an de 1970er Joren an de Stroosse vum New Yorker Quartier Bronx entstanen a war besonnesch bei der afroamerikanesch a puerto-ricanescher Jugend extreem beléift. Et war eng ganz nei Ausdrocksweis fir si, a virun allem et war eng gewësse Philosophie, déi hirem Liewen, mol méi mol manner, gerecht gouf.

Feste Bestanddeel vum Hiphop

Et huet een och net vill gebraucht fir esou spektakulär an akrobatesch Mouvementer ze maachen: Musek an eben d'Strooss. De Breakdance huet sech am Laf vun de Joren zu engem festen Deel vum Hiphop-Mouvement entwéckelt a steet och anere Konschtforme wéi Graffiti, Rap, Beatboxen an Djing ganz no.

Virun allem gouf Breaking zu engem internationale Phenomeen. Vun New York aus huet de Breaking den Tour ronderëm d'Welt gemaach, an et ass och net vun ongeféier, datt en elo zu Paräis bei den Olympesche Spiller mat um Programm steet.

Frankräich ass ouni Zweiwel ee vun de weltwäiten Hiphop-Zentren, an et sinn ëmmerhi weltwäit iwwer 30 Millioune Leit, déi breaken: Als Amateur an als Profi.

Top Rock a Footwork

Zu enger ganz rhythmescher Musek, mat besonnesch vill Beat danzen d'Adepte mat extreemer Vitess a mat ganz vill Prezisioun. D'Mouvementer, déi si danzen, nenne sech Top Rock oder Footwork. Dat heescht, d'Bee beweege sech iwwerdeems d'Dänzer:innen d'Hänn um Buedem hunn. "Freeze", dat ass, wann d'Dänzer:inne fir e puer Sekonnen am Rhythmus vun der Musek an enger bestëmmter Positioun stoe bleiwen.

16 Fraen a 16 Männer sinn um Freideg a Samschdeg zu Paräis mat derbäi, ee géint een. Wie gewënnt ass weider, bis eben an d'Finallen ëm Gold-, Sëlwer- a Bronzemedailen. Bei all Duell performen d'Dänzer:innen zu eng onbekannter Musek, déi en DJ opleet.

An d'Resultat fléissen da Kreativitéit, Perséinlechkeet, Technik, Diversitéit, Ausféierung a Musikalitéit.

Première op der Place de la Concorde

Favoritte fir Gold si bei den Dammen d'Nicka aus Litauen a bei den Hären den Amerikaner Victor, déi Enn September d'lescht Joer Breaking-Weltmeeschter zu Louvain an der Belsch goufen.

Mee et kënnt awer och gären anescht wéi ee mengt. De Fransous Dany Dann ass och net ze ënnerschätzen.

De Breaking-Concours geet op der Place de la Concorde zu Paräis iwwer d'Bün, wou wärend de ganze Spiller urban Sportsdisziplinnen, wéi och Skateboarden um Fouss vum legendären Obelisk ze gesi waren.

Et bleift ze hoffen, datt déi Olympesch Spiller zu Paräis eng Lanz fir d'Danze briechen, an datt endlech Danz nieft der Konscht och als Sport ugesi gëtt, jo esouguer Héichleeschtungssport.