Radioen

On air

9 bis 1  |  Lescop - L'Hiver Sur Tes Lèvres

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Präiserhéijung bei Enovos: Méikäschte fir Clientë sollen et net ginn

Stroum

Präiserhéijung bei Enovos: Méikäschte fir Clientë sollen et net ginn

De Stroumfournisseur Enovos huet ugekënnegt, seng Stroumpräisser fir Privatclienten op den 1. Januar 2024 erop ze setzen: Déi betraffe Leit goufe - wéi gesetzlech virgesinn - doriwwer informéiert. Op d'Clientë sollen awer keng Méikäschten zoukommen. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Den neien Energieminister Lex Delles ënnersträicht, datt d’Stroumpräiserhéijung bei Enovos fir d’Joer 2024 keng méi héich Käschte fir d’Clientë wäerte bedeiten: De Consommateur wier geschützt, esou den DP-Politiker.

"Et ass awer esou, datt dat hei keen Impakt op den normale Stot, den normale Consommateur wäert hunn, ebe grad wéinst der Präisbrems, déi decidéiert ginn ass fir d’Joer 2024."

Enovos setzt seng Stroumpräisser fir den Ufank vum neie Joer also erop: Detailer dozou vum Claude Simon vum Stroum-Fournisseur.

"Déi Präisser, déi mir fir eis Haushaltsclienten an déi kleng professionell Clienten hunn, déi klammen. A si klammen an enger Gréisstenuerdnung fir een Haushaltsclient vu 4.000 Kilowattstonnen, wat ee Stot vu véier Persounen ass, sinn dat ronn 80 Euro pro Joer."

Méi héich Beneficer op Käschte vum Staat?

Ass et méiglech, datt Enovos d’nächst Joer méi héich Beneficer op Käschte vum Staat mécht, wéinst der Stroumpräisbrems? 

"Déi Käschten, déi sollten eigentlech net dozou féieren, datt Enovos méi héich Beneficer mécht, nee."

Änlech äussert sech den Energieminister Lex Delles: duerch déi méi héich Stroumpräisser soll Enovos also net méi Gewënn maachen.

"Dat kann een ausschléissen, well den ILR kontrolléiert d’Entwécklung vun de Präisser, kontrolléiert och, datt dat do net ka geschéien."

D’Fro, wéi vill méi Käschten op de Staat zoukommen, duerch d’Stroumpräiserhéijung an d’Stroumpräisbrems bis Enn vum nächste Joer, a wéi vill méi also dofir an den definitive Staatsbudget 2024 wäert muss stoe kommen, konnt de Minister Lex Delles nach net beäntwerten. Déi ugekënnegt Präiserhéijung bei Enovos wier net mat him ofgeschwat gewiescht.

Lauschterenplay_arrow